News >> Breaking News >> RTL Headlines
Den Hollänner wënnt virum Carlos Sainz an dem Lewis Hamilton déi 26. Course a sengem 150. Grand Prix.
Am Frëndschaftslännermatch zu Beetebuerg konnt sech d'Ekipp vum Dan Santos no de Goler vum Dos Santos a Magalhaes duerchsetzen.
An engem Accident e Sonndeg am Nomëtteg sinn um CR314 tëscht Eschduerf a Lëlz fënnef Mënsche blesséiert ginn.
Duerch eng 37:35-Victoire géint Kielce feiert den FC Barcelona säin zweeten Champions-League-Titel hannerteneen.
E Sonndeg kruten de Gerard Schooss an de Maurice Groben an de Komplementarwalen déi meeschte Stëmmen.
Op der leschter Etapp ass de Bob Jungels staarke 5. ginn. D'Victoire am Zäitfuere war fir de Remco Evenepoel aus der Belsch.
De Lëtzebuerger huet bei der Junior-, Cadet- an U21-Europameeschterschaft zu Prag an Tschechien am Kumite an der Kategorie +70kg Sëlwer gewonnen.
An der südspuenescher Regioun Andalusien gouf e Sonndeg en neit Regionalparlament gewielt.
Am Oste vun Däitschland breet sech e Bëschbrand aktuell esou séier aus, dass haut weider Leit aus engem Duerf südlech vu Berlin hu mussen evakuéiert ginn.
De Yamaha-Pilot huet sech um Sachsenring viru sengem franséische Landsmann Johann Zarco an dem Australier Jack Miller duerchgesat.
An der ProAM-Wäertung huet sech de Lëtzebuerger Carlos Rivas d'Victoire geséchert.
Diddeleng stoung gëschter Owend nees Kapp. Zeg Dausende Leit haten de Wee an d'Forge du Sud fonnt.
D'Police mellt zwee Iwwerfäll gëscht Owend géint 7 Auer op Tankstellen, zu Nidderkuer an der Avenue de la Liberté a kuerz drop zu Rodange.
Mat op dëser Rees, déi vun e Sonndeg bis e Freideg dauert, ass och den Direkter vun der Chambre de Commerce, de Carlo Thelen.
Den Animatiounsfilm "Le Petit Nicolas - Qu'est-ce qu'on attend pour être heureux ?" ass mam sougenannten Cristal du long métrage ausgezeechent ginn.
Bei den Affer handelt et sech ëm zwee Männer aus Polen. Deen een hat ëm déi 30 Joer, deen anere Mann hat ëm déi 40.
Den US-President Joe Biden huet e Samschdeg vun engem "risege Schrëtt no fir an der Lutte géint de Coronavirus" geschwat.
An der Finall huet sech de Lëtzebuerger Duo misse mat 2:3 géint déi favoriséiert däitsch Koppel Dang Qui an Nina Mittelham geschloe ginn.
Si fuerderen méi Matbestëmmung bei de Léin, den Aarbechtszäiten an de Sécherheetsmesuren.
Am éischten Tour waren extrem wéineg Leit nëmme wiele gaang. D'Participatioun louch bei grad mol 47,5%.
Um Sonndeg klammen d'Temperaturen op maximal 32 Grad. Ma d'Meteolux gëtt awer eng Onwieder-Warnung fir Sonndes owes eraus.
Et war jo gewosst, datt d'Mandy Minella e Schlussstréch ënner hir Profikarriäre am Tennis zitt...
Den Hollänner confirméiert seng gutt Performance och a Kanada. Déi zweet Plaz ass fir de Fernando Alonso, Plaz 3 fir de Carlos Sainz op Ferrari.
Elo ass et traureg Gewëssheet: De Journalist Dom Phillips an den Indigenen-Expert Bruno Pereira sinn dout. D'Identitéit vu béide Läichen ass confirméiert.
Beim WTT Contender zu Lima huet de Lëtzebuerger Duo sech an der Halleffinall mat 3:1 géint d'Géigner aus Taiwan duerchgesat.
Zanter 1994 ass de Kräizhaff, besser bekannt als "Haus vun der Natur", d'Heemecht vun der Organisatioun "Natur an Ëmwelt".
Si hu sech iwwer dräi Méint drop gefreet an elo kënne se hiren Hobby endlech nees ausliewen. Zënter leschtem Mëttwoch ass d'Fëscherei nees op.
Um Samschdeg sinn d'Rout Léiwinnen a Schweden ugetrueden. Et war eng kloer Affär fir d'Heemekipp an déi sechst konsekutiv Néierlag fir Lëtzebuergerinnen.
An der éischter Manche um Samschdeg zu Imola gewënnt de Bastian Buus virum Laurin Heinrich an dem Larry Ten Voorde.
D'Alternative für Deutschland setzt weiderhin op eng Duebelspëtzt – op d'mannst fir déi no Zukunft.
An Indien an a Bangladesch sinn duerch Iwwerschwemmungen an uerg Wiederen op d'mannst 41 Leit ëm d'Liewe komm. D'Autoritéite rechne mat weiderem Reen.
En Donneschdeg, den 9. Juni koumt et géint 19 Auer op der N16 (Scheierbierg) a Richtung Réimech tëscht engem Trakter an engem Auto zu enger Kollisioun.
Bei engem Mann goufen iwwer 250 Gramm Haschisch séchergestallt.
E Samschdeg ass den Diddelenger als éischte Schwëmmer vun der Lëtzebuerger Delegatioun zu Budapest an Ungarn an d'Waasser gesprongen.
Als Sänger a Bassist vun de Beatles huet de Paul McCartney Museksgeschicht geschriwwen.
De President Guillermo Lasso huet no deels gewaltsame Protester géint déi héich Spritpräisser den Ausnamezoustand an 3 Provënzen ausgeruff.
Am Houwalder Tunnel ass et zu engem Accident komm an op der Streck tëscht Groussbus a Viichten.
Et ass déi gréissten Hausse bannent enger Woch zanter dem Ufank vum Krich.
Geopolitesch Konflikter dierf een net mat engem Tunnelbléck gesinn, seet den Asiem El Difraoui.
Den Taxi- a Chauffer-Service Uber gëtt et bis ewell net zu Lëtzebuerg. Ma elo wëll d'Regierung d'Konzept kopéieren an eng änlech Plattform entwéckelen.
D'EU-Kommissärin fir Chancëgläichheet huet ënnert anerem den Ecart vun de Paie vu Männer a Fraen an de Chamberkommissiounen thematiséiert.
Alt nees kënnt et zu enger Ännerung bei de Spritpräisser. Den Diesel kascht vun e Samschdeg un 1,996 Euro de Liter, wat eng Hausse vun 0,8 Cent ass.
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 1.084 bliwwen ass.
Eppes méi wéi Dräivéierel vun hinne kruten och eng Autorisatioun.
Den Transfert vum senegalesesche Stiermer Sadio Mané vum FC Liverpool bei den däitsche Rekordchampion ass Medieberichter no an dréchenen Dicher.
Dat berüümt 4 Meter héicht Béierglas gouf e Freideg ofmontéiert. Ganz verschwanne wäert et aus der Ieselsstad awer net.
Weider soten d'Zeien, datt den deemolegen US-President säi Stellvertrieder am Kader vum Stuerm vum US-Kapitol massiv ënner Drock gesat soll hunn.
An der Noriicht heescht et, d'Bank hätt eng "suspekt Aktivitéit" um Kont festgestallt.
Nieft der Ukrain soll och Moldawien offiziell Kandidat ginn, huet d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen annoncéiert.
D'Ukrain hat rezent de "Eurovision Song Contest" mat der Band "Kalush Orchestra" gewonnen. Déi 67. Editioun vum ESC wäert awer net zu Kiew sinn.