Breaking News >> News >> Tageblatt


This Hard Minett Land / My Hometown (Erënnere mech)


Link [2022-05-27 15:17:52]



Erënnere mech un de Geroch vu waarmer Mëllech. Erënnere mech un d’stolen Nuese vu mengem Papp senge Schong. Erënnere mech un de Plënnerwon, an deen eis ganz Wunneng eragepasst huet. Erënnere mech un d’gréngt A um Radio. Erënnere mech drun, datt mäi Papp sot: Hei ass lo däin neit Doheem. Erënnere mech un d’hëlze Bänken am Zuch. Erënnere mech, datt ech onbedéngt eng rout Trottinett wollt hunn. Erënnere mech un der Spillschoulsjoffer hir déck Brëlleglieser, hannert deenen hir Ae kleng ware wéi d’Reséngen um Boxemännchen. Erënnere mech un d’Käschten, déi ech opgeraaft hunn an un d’Männercher, déi ech draus gemaach hunn. Erënnere mech un d’Lokomotiven, déi mer vun der Gare hier schwéiren Damp entgéint geblosen hunn. Erënnere mech un déi stëbseg Diecher an un de Mann, dee sot: Et mengt een, et wär hei e Vulkan ausgebrach. Erënnere mech drun, net gewosst ze hunn, wat e Vulkan wär. Erënnere mech un d’Fraen am Coiffeurssalon, déi ënnert risegen Hauwen an der Rei souze wéi um Wee op en anere Planéit. Erënnere mech un d’Schmelzentut. Erënnere mech u mengem Papp säi Kuuschtesak an un d’Wuert „Huesebrout“. Erënnere mech un d’Äis am Béiermann sengem Won; schwéier Bléck, vun deenen hie kleng Stécker rofgehaen... Artikel ansehen

L’article My Hometown (Erënnere mech) est apparu en premier sur Tageblatt.lu.



Most Read

2024-09-19 20:35:08