Breaking News >> News >> Tageblatt


This Hard Minett Land / Mary Queen of Arkansas


Link [2022-04-08 19:33:32]



„Born in the U.S.A.“ war en Hit ginn, an all d’Popper hunn och elo Springsteen gelauschtert, wat dem Joé guer net goung. Op der Danzpist, bei „Dancing in the Dark“ huet hien an engem Mier vu Benetton a Lacoste nom Meedche gesicht, dat moies nei an d’Schoul komm war. Hien hat direkt de roude Badge op senger lénker Broscht erbléckst, op deem „I’m on Fire“ stoung, awer hatt war kee Pseudofan. Hatt huet gedanzt, wéi wann et eleng op der Welt wier, an de Joé huet den Hippie an him erkannt. Beim Slow wollt hie säin Numm wëssen, mee hatt sot just: „Gëff mir einfach een!“ Fir de Joé war et kloer: Virun him stoung d’Mary, d’Queen of Arkansas. Hie wollt dem Mary d’Paradäis um Prënzebierg weisen, eng Géigend wéi keng aner am Minett. Et ass wéi e prähistoreschen Urwald, e Feeëbësch mat Trollhiwwelen an Elfen am Gestrëpp. Fir de Joé war d’Paradäis d’Inspiratioun fir d’Mumin-Bicher aus senger Kandheet, mat den iwwerwuessene Steekéip an de Fiichten, déi vun Haarz nëmmen esou drëpsen. Op den Äscht an de verkrëppelte Stämm wuchere Flechten an alle Faarwen, ënnert all Moukepräbbeli wibbelt et, an all Lach ass vun onheemleche Wiese bewunnt, déi nach wëssen,... Artikel ansehen

L’article Mary Queen of Arkansas est apparu en premier sur Tageblatt.lu.



Most Read

2024-09-20 18:44:01