Breaking News >> News >> Tageblatt


Leserforum / Petitioun Nr. 2332: Meng Zäit, deng Zäit, eis Zäit


Link [2022-06-01 11:30:15]



De Congé parental existéiert zënter 1999 a Lëtzebuerg an huet d’Zil, d’Familljeliewen an d’Ausféierung vum Beruff ze verbannen, d’Gläichstellung tëschent Mann a Fra ze favoriséieren souwéi d’Lutte géint de Chômage. 2016 gouf de Congé parental reforméiert an erméiglecht den Elteren eng méi flexibel Opdeelung vun der Zäit an erliichtert d’Viraussetzungen fir de Congé ze kréien. Eng vum Ministère de la Famille publizéiert Studie huet erginn, dass d’Zuel vu Mammen, di tëschent 1999 an 2018 de Congé geholl hunn, vun 1.343 op 4.875 erop gaangen ass, bei de Pappen souguer vun 90 op 4.721. D’Reform huet sech besonnesch positiv op den Taux vun de Pappen, déi Congé an Usproch geholl hunn, ausgewierkt a vermierkt eng Hausse vun 216%. Den Duerchschnëttswäert vum Congé parental an den OECD-Länner läit bei 54,4 Wochen. A Schweden kann ee 16 Méint, an Däitschland souguer bis zu dräi Joer Congé ufroen. A Lëtzebuerg läit d’Grenz beim Congé plein temps bei sechs Méint, also 26 Wochen. Dëst ka sech allerdéngs als problematesch erweisen. Dat zum Beispill bei enger Famill monoparentale, am Fall, wou eng Mamm oder e Papp no de sechs Méint Congé rëm schaffe geet an d’Kand an eng Betreiungsstruktur muss. D’Betreiungsstruktur fir e Kand, wat nach... Artikel ansehen

L’article Petitioun Nr. 2332: Meng Zäit, deng Zäit, eis Zäit est apparu en premier sur Tageblatt.lu.



Most Read

2024-09-18 23:48:13