Breaking News >> News >> Tageblatt


Leserforum / Oppene Bréif un de Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht – Erzwongene Konformismus?


Link [2022-06-01 11:30:15]



Ass dat Ären Eescht, Här Mischo? Den Ament hu mir tatsächlech vill méi seriös Problemer a Katastrophen op dëser Welt a virun eiser Hausdir, trotzdem sinn ech vun dësem absurde Reglement (PAP QE Art.2.4.1), deen zu Esch-Uelzecht applizéiert gëtt, genuch revoltéiert, fir Iech ze kontaktéieren. – Bref: Mir wunnen an enger wonnerschéiner, historescher Cité, rue Léon Weirich. Eist Haischen, gebaut 1912, an dat mir eis vun Ufank u verléift haten, hu mir zënterdeem, geheegt a gefleegt. A wollten elo mat eisen Noperen zesummen eis Fassad nei usträichen. Mir haten eng Faarf gewielt, déi de Sandsteng an dem Charakter vum Haus entspriechen. Mä do krute mir matgedeelt, dass dat net geet, well no dem uewen zitéierte Reglement nëmmen nach eng Faarf fir déi ganz Cité zougelooss ass. Ofgesi vun der Tatsaach, dass mir Verständnis dofir hunn, dass d’Gemeng an déi historësch Responsabel dofir wëlle Suerg droen, dass hei net egal wat fir e Kaleidoskop u psychedelesche Faarwen entstoe soll, fanne mir, dass d’Imposéiere vun enger Faarf awer wirklech ze wäit geet. Dat ass, wéi wann Dir vun engem géift virgeschriwwe kréien, dass Äre Kostüm nëmmen nach eng Faarf dierft hunn, déi Dir guer net droe wëllt, an awer bezuele misst an... Artikel ansehen

L’article Oppene Bréif un de Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht – Erzwongene Konformismus? est apparu en premier sur Tageblatt.lu.



Most Read

2024-09-18 23:49:17