Breaking News >> News >> Tageblatt


Leserbrief zu Energiepreisen / D’Kris als Chance zur Entwécklung (och wann et wéi deet)


Link [2022-03-17 12:53:05]



D’Solidaritéit ënnert de Matbierger nom Putin sengem Amarsch an d’Ukrain Enn Februar war hei am Land grouss. Ma wéi bei deene meeschte Sacrificen, hält „de Spaass“ op, wann ee säin eegent Verhalen a Fro stelle, voire ännere muss. Iwwer 2€ de Liter Diesel entsprécht net der Virstellung, mat där de Kaf vum vill ze groussen, vill ze schwéieren a vill ze leeschtungsstaarken Auto vollzu ginn ass. All grouss Problemer wéi d‘Klimakris, d’Aartestierwe ware bis elo mat hiren Ausmoossen ni gräifbar genuch an hunn domat d’Ëmdenke vum Eenzele verhënnert. Mee ass et da berechtegt, sech elo iwwert déi Präisdeierecht opzereegen? Oder huet een einfach ze laang probéiert a gehofft, ouni Récksiicht a puncto Mobilitéit iergendwéi laanscht d’Konsequenze vum eegene Behuelen ze kommen? Änlech ewéi bei der Energie, wäerte Präishaussen den Eenzelen um Teller bevirstoen. D’Ukrain a Russland bauen een Drëttel vum globale Weessbestand un. Des Matière première war bis elo esou ongläich verdeelt, dass an eise Breedegraden d’Béischte méi dovun haten ewéi an Drëttweltlänner d’Mënschen. Eng Reduktioun vum Fleeschkonsum an d’Bereetschaft, déi reell Valeur hannert dem Fleesch ze bezuelen, géing lokale Bauere mat den néidege Margen hëllefen, ouni mussen op Weessimporter aus Kanada ze hoffe, fir regionaalt Bio-Fleesch ze produzéieren. Ass... Artikel ansehen

L’article D’Kris als Chance zur Entwécklung (och wann et wéi deet) est apparu en premier sur Tageblatt.lu.



Most Read

2024-09-21 14:38:38