Breaking News >> News >> Tageblatt


Educatioun / „E bessert Mateneen zu Lëtzebuerg“: D’Offer vu Lëtzebuergeschcoursë soll ausgebaut ginn


Link [2022-04-15 07:32:45]



Den Interêt un der Lëtzebuerger Sprooch wiisst konstant. Sou huet sech bannent zéng Joer d’Zuel vun den Aschreiwungen an d’Lëtzebuergeschcoursen, déi vum „Institut national des langues“ (INL) ugebuede ginn, méi wéi verduebelt: Hunn am Schouljoer 2011/2012 insgesamt 2.614 Mënschen un de Coursen deelgeholl, sinn et der momentan 5.681. Doriwwer eraus géif et an der Grenzregioun wéi och weltwäit eng Demande fir Ugebueder vu Lëtzebuergeschcoursë ginn, sot den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) wärend enger Pressekonferenz den Donneschdeg. Allgemeng wéilten ëmmer méi Lei, déi op Lëtzebuerg kéimen, och Lëtzebuergesch léieren. Dësen Trend géing sech duerch déi aktuell Flüchtlingskris an der Ukrain an Zukunft wuel nach verstäerken. D’Regierung huet a Kooperatioun mam INL an och mam „Service de la formation des adultes“ (SFA) op  d’Entwécklunge vun de leschte Jore reagéiert an den Donneschdeg den Ensembel vu Mesurë virgestallt, duerch déi den Enseignement vum Lëtzebuergesche soll gefërdert ginn. Déi legal Basis vum INL, deen zënter senger Grënnung eng „Virreiderroll“ an dësem Beräich iwwerholl huet, soll iwwerschafft ginn, fir datt seng Aufgabe kloer definéiert a gesetzlech verankert ginn. D’Ännerunge betreffen d’Beräicher vum Ausschaffe vun didakteschem Léiermaterial an dem sougenannten „Test LaF“, mat deem Apprenanten hire sproochlechen Niveau zertifiéiert kréien, wéi och d’Formatioun vun de Lëtzebuergeschenseignanten. Sou soll den „Zertifikat fir Lëtzebuerger Sprooch... Artikel ansehen

L’article „E bessert Mateneen zu Lëtzebuerg“: D’Offer vu Lëtzebuergeschcoursë soll ausgebaut ginn est apparu en premier sur Tageblatt.lu.



Most Read

2024-09-20 14:33:32