Breaking News >> News >> Tageblatt


De Vëlo, d‘Stéifkand vun der Lëtzebuerger Mobilitéit


Link [2022-01-27 18:36:51]



Okay, et ass dat Kand, wat – mol hei, mol do – e Bonbon kritt an och mol „schéi verwinnt gëtt“. Dat dann awer och mam Nogoût, dass et Joerzéngte laang komplett lénks leie gelooss ginn ass. Dat mécht net, dass d‘Stéifkand sech méi beléift oder gewäertschätzt spiert. Mee zur Erklärung vun der Analogie: Do wier engersäits de Vëlosummer, dee wierklech flott ass an och vill Leit op de Vëlo bréngt. Kuckt een d’Zuele vu Cyclisten, déi iwwer déi eenzel Tracéë gefuer sinn, kann ee vun engem Succès schwätzen. Dësen ass allerdéngs éischter op der touristescher Dimensioun ze veruerten: D’Groussregioun huet d’Geleeënheet, d’Villfalt vum Land op verschiddenen Tracéen an déi sëllege flott Ecker vum Land ze presentéieren. D‘Flanéieren op de rouege Stroossen an idyllesche Vëlosweeër ass dobäi en exzellent Mëttel fir ofzeschalten an ze genéissen. Dëst hëlleft sécherlech bei der Promotioun vum Vëlo als Fräizäitaktivitéit, ma bréngt direkt eng duebel verzerrte Vue op säi Stand an der Lëtzebuerger Mobilitéitsfro: Et ännert un hirer aktueller Problematik relativ wéineg. Wa Gemengen sech um Rimm rappen, fir mat vill „Ach und Krach“ déi eng oder aner Strooss am August ze spären, wou Congé collectif, Schoulvakanz an allgemeng manner Leit am Land sinn, dann... Artikel ansehen

L’article De Vëlo, d‘Stéifkand vun der Lëtzebuerger Mobilitéit est apparu en premier sur Tageblatt.lu.



Most Read

2024-09-22 23:37:36